News

Assemblée générale - 20.03.2026

Mat grousser Freed invitéiert de Comité vun der Klammspann Ettelbréck op d’Generalversammlung 2026.

Freideg, den 20. Mäerz 2026, um 19:00 Auer

am Versammlungsraum vun der Sportshal zu Ettelbréck.

Hei fannt dir den Ordre du Jour:

Assemblée générale 2026.pdf 81 KB

Fun4Masters 2026

De Fun4Masters 2026 ass nees virun der Dir!

Opgepasst: dess Kéier ass d’Manche zu Arel aus organisatoresche Grënn eng Woch méi spéit.

KLICK HEI fir all Info a fir dech anzeschreiwen.  Déi éischt 50 Participants si vir.

Mir hoffe vill Klammspannen dobei ze hunn!

 

Well mir de Fun4Masters organiséieren ass d’Wand vum Donneschdeg 19. Februar 2026 bis Freideg 27. Februar 2026 zou.

Falls däin Training an där Zäit fält, fro bei dengem/denger Trainer(in) no ob deen Dag eppes aneschtes virgesinn ass.

Nom Fun4Masters si lauter nei Voie fir dech prett!