Adultes Training

Wéini: All Dënschdeg Owend vun 19:30 – 21:00 (net an de Schoulvakanzen an och net op Feierdeeg)

Fir wien:

1)     Leit, déi nach ni geklomme sinn an et léiere wëllen (Initiatioun, keen Niveau)

2)     Leit, déi séchere kënnen, mee nach am Ufank vun hirer Klamm Karriär stinn (Ufänger)

3)     Leit, déi scho méi laang klammen, mee d´Klamm an Technik Grondlage léiere/erweidere wëllen.

Inhalt:

-        +/- 10 Minutte gemeinsamt Opwiermen

-        Eventuell klammspezifesch Kraaftübungen

-        +/- 80 Minutte ugepasste Grondlagen an Technik Training

Reegelen:

-        Déi Leit vun der Plage virdrunner mussen um 19:30 ophalen, datt den Training pünktlech ufänke kann. Oppassen, et kann een entweder op der “Escalade Adulte KSE”-Plage klammen ODER op den Training kommen. Béides geet net.

-        Déi Leit, déi um Training deelhuelen, solle pünktlech a prett sinn, wann d’Opwiermen um 19:30 ufänkt.

-        Déi Leit, déi op den Training kommen, mussen och de Programm vum Training matmaachen.

-        Nom Training kënnen déi Leit mat Klammpass nach bis 22:15 weiderklammen.

Beispill vun engem Training:

-        Opwiermen + Rumpfstabilisatioun (10 Minutten)

-        Technik-Erklärungen + Presentatioun vum Programm (5 Minutten)

-        Exercicer duerchféieren + Hëllefsstellungen (75 Minutten)

-        Stretching oder weiderklammen (just mat Klammpass)

Den Haaptprogramm gëtt op d’Niveaue vun de Participanten ugepasst a besteet aus engem Mix vu verschiddenen Technikübungen (Placement des pieds, dynamique/statique, endurance, visualisation, mouvements, etc..).

Umeldung:

 

Conditioun

Plazen

Umellung

Initiatioun

-      Kee KSE Member

-      Kee Klammpass

-      3x 15€ pro 3 éischt Séancen

6 Plazen

Umellung iwwert d´App TeamReach mam CODE: KSE-Initiatioun-26*

Ufänger a Grondlagen-Initiatioun 

-       KSE Member sinn

-       Klammpass hunn

12 Plazen

Umellung iwwert TeamReach*

(De CODE kritt een eréischt wann een de Klammpass gepackt huet)

*Ouni Umellung ass d´Participatioun net méiglech.

Bei weidere Froe kënnt dir Iech per Whatsapp oder SMS op der Nummer 621 480 504 mellen.


Hei fënns du déi Informatiounen och als PDF fir erofzelueden: 

Adulte Initiation.pdf 77 KB

Klammpass

Viraussetzunge fir de Klammpass ze maachen:

-        17 Joer al sinn,

-        D’Sécherheetsmesure vum Klammen ouni Feeler beherrschen (Klammgurt undoen, Knuet maachen, Sécheren etc....),

-        Wann een nach net klamme konnt: Minimum op 3 Adultes Initiatiounen Dënschdes Owes komm sinn (also ass den Examen  fréistens um 4ten Training méiglech)
Oder
         Wann ee well an engem anere Club geklomm ass: Minimum op 1 Adultes Initiatioun Dënschdes Owes komm sinn (also ass den Examen fréistens um 2ten Training méiglech)

-        Accord fir d’Participatioun vum Trainer hunn,

-        D’Cotisatioun vun der lafender Saison bezuelt hunn an een Avis de Débit fir den Examen dobäi hunn (Fiche ënnert der Rubrik "Cotisatioun"),

-        D’Fiche d’inscription ausgefëllt hunn an matbréngen oder raschécken (Fiche ënnert der Rubrik "Fiche d'adhésion").

Wou a wéini kann een den Exame fir de Klammpass maachen?

-        Dënschdes Owes vun 19:30 bis 21:00 um Adultes Taining

Wéini huet een den Exame fir de Klammpass gepackt?

-        Wann ee während der Observatioun vun 1,5 Stonn um Adultes Training kee Feeler gemaach huet.

Wou muss ee sech umellen?

-        Sech an der TeamReach App fir déi Dënschdeg Owend Initiatioun umellen wou een de Klammpass wëll maachen an als Kommentar “Klammpass” dobäi schreiwen.

-        De Klammpass Examen kann net gemaach ginn, wann ee sech net ugemellt huet.

Wichteg: Ouni KLAMMPASS duerf een net ausserhalb vum Adultes Training klammen. Ouni Klammpass duerf een och net scho VIRUM oder NOM Adulte Training mat anere Leit klammen.

Réicht wann een de Klammpass gepackt hutt a bezuelt hutt, gëtt een am TeamReach fir den Escalade Adulte KSE fräi geschalt an et duerf een ausserhalb vum Adultes Training klamme kommen.


Hei fënns du déi Informatiounen och als PDF fir erofzelueden:

Klammpass.pdf 347 KB