Donneschdeg, de 5. Dezember fällt den Training vun 17:30-19:00 (Teenies+, Pré-Adultes a Pré-Adultes+) leider aus.
Category: Neiegkeeten
Neiegkeeten
Léiwe Kleesche gudde Kleeschen
De Kleesche kennt bei de KSE !
Samschdes, de 7. Dezember 2024 dierfen all Kiddies an Teenies aus dem KSE um 11:00 an d’Hal klamme kommen. De gudde Mann huet bestëmmt ee Schokla dobei!
Neiegkeeten
Fun 4 Masters 2025
Neiegkeeten
Yoga
Am YOGA ginn et immens flott a gutt Übungen, déi ee bei reegelméisseger Uwendung am Klamme weider bréngen an een och viru Verletzunge schütze kënnen. Flexibilitéit, Soupless, Gainage, Gläichgewiicht, Ootmung.
De KSE proposéiert dofir sengen Adultes eng Yoga-Schnupper-Sessioun mam Anne-Sophie Prinz un, Samschdes de 16. November 2024 um 9:30. Mir hunn dono nach 3 weider Sessioune geplangt falls d’Loscht erwäscht ginn ass. D’Sessioune sinn ëmmer Samschdes Moies an der Hal an daueren 1 Stonn.
D’Anne-Sophie schwätzt franséisch an däitsch. Si gëtt Yoga-Couren a klemmt och selwer.
Du mells dech schnell iwwer TeamReach un, bréngs eng Matt mat an de KSE iwwerhëlt d’Käschte vun de Sessiounen.