Articles marqués avec ‘Vogesen’

Mam Pierre Dewit an d’Vogesen

Geschriwen vum Yoo Ja Ludwig den an der Rubrik Neiegkeeten

Vum 1. op den 2. Mäerz 2014 geet d’Klammspann mam Pierre Dewit an d’Vogesen ee « couloir de neige » maachen. All d’Detailer stinn am Dokument an de Pierre kennt den 28. Februar 2014 op der AG Fotoe weisen. Fir all Info a fir d’Umeldung (bis de 27. Februar 2014) gëllt dem Pierre séng Adress: moniteuralpinisme@gmail.com

De KSE geet an de Fiels

Geschriwen vum Yoo Ja Ludwig den an der Rubrik Neiegkeeten

De Moniteur gett vum Club bezuelt, dir iwwerhuelt just den Transport (Co-Voiturage
méigeleg) an d’Verpflegung.

– Via Ferrata des Grands-Malades+ klammen bei Marche-les-Dames (B), 28. Abrëll 2013
– Klammen zu Beez (B), 20. Mee 2013 (Péngschtméindeg)
– Gratwanderung, Arête du Spitzkoepfe, Vogesen (F), 9. Juni 2013

Fir déi 3 Sortie virzestellen, a fir de Pierre Dewit (Moniteur) kennen ze léieren, organiséiert
de KSE den 1. März 2013, ab 19:00 Auer ee gemittlechen Owend an der Hal. Bei enger
klenger Béierdégustatioun, Kéis a Baguette, Fotoen a klenge Filmausschnetter, ginn déi
Sortien erklärt an dir kennt är Froe stellen an iech natierlech och aschreiwen!

Des Sortie riichten sech unn Erwuessener a Jonker vun all Klammniveau. Kanner ab 10
Joer kenne matgoe wa si bei eis am Club sinn a wa si vun enger erwuessener Persoun
enkadréiert ginn.

Et wier flott wann dir Bescheed soe géingt zu wéi vill dir kommt, dat ass méi einfach fir
d’Iessen an d’Drénken. Et geet awer net op een un 🙂

Fir weider Info: Yoo Ja Ludwig 661394045

Den KSE kontaktéiren

Telefon:
+352 661 394045

Adress:
Yoo Ja Ludwig
Bauschelter Millen,
L-9640 Boulaide

Mail:
yoojaoh@yahoo.com

Abonnéier eis Newsletter

* = required field