Tag: KSE

Cotisatioun 2016-2017

unknownD’Saison 2016/2017 geet un.

Un all déi Memberen déi am Summer schonn iwwerwisen hunn ee grousse Merci.

All déi Leit déi elo iwwerweise fannen d’Präisser

hei

CCPL LU53 1111 1323 6759 0000
veuillez indiquer le prénom et le nom (tous les prénoms pour les familles)

Klammschong Verkaaf

drifter_largeDir hutt och dëst Joer nees d’Méiglechkeet Klammschong an der Hal zu Ettelbréck ze kafen.

Den Eric Berthe vun der « L’Escale » Arel kennt mat Schong a kann iech beroden.  Mir kréien och ee gudde Präis fir de KSE gemaach.

Dofir ginn et 2 Rendez-Vous’en:

  • Donneschdes, den 22.9.2016 vu 15:30-16:30
  • Samschdes, de 24.9.2016 vun 9:00-10:00

Ween interesséiert ass kann och eng Mail maache (yoojaoh@yahoo.com) mat der Schonggréisst, da kann hie kucken déi schonn dobäi ze hu fir ze probéieren.

Clean-Up-Day Berdorf, 11.6.2016

clean-up days2016Viru kuerzem ass en neit Gesetz gestëmmt gi fir den Accès op de Site Wanterbaach nei ze regelen.
Elo hu mir manner Aschränkunge wéi virdrun.  Domat ginn eis awer och Responsabilitéiten iwwerdroen.
Vir deene gerecht ze gi musse mir all « um selwechte Seel zéien » a weisen dat eis Clib sech fir d’Zukunft vum Klammen zu Baertref asetzen.
 
Als FLERA schaffe mir un engem Konzept fir dem neie Reglement Rechnung ze droen an awer och fir eise Stempel op ze drécken.
 
Eng éischt Aktioun an déi Richtung ass de Clean-Up Day.
Den 11. Juni ab 10:00 Auer gesi mir eis zu Baertref fir de Pad propper ze maachen, d’Voien ze botzen, d’Maillons ze ersetzen, ze klammen an zesummen e Maufel z’iessen.
 
D’Wanterbaach ass eise Fiels.  Eisen eenzegen.  Pak eng Hand mat un.  Mir brauchen déng Hëllef.