Klammstart den 18. September: jo oder nee?…

Léif Memberen,

mir hunn an de leschte Wochen immens vill un eiser Wand geschafft fir mat Zäit eis Saison unzegoen.

Bis Haut hu mir gehofft iech kënnen zu 100% den Opening unzekënnegen.

Leider ass et sou dat d’Kontrollinstanz eis bis zu dësem Zäitpunkt nach net garantéiere konnt, d’Wand virun eisem Startdatum ofzehuelen.  Si sinn am Moment iwwerlaascht an hu Mangel u Personal.

Wann eis d’Chance net am Stach léist, kënne mir dëse Méindeg, 18. September 2023 eis Trainingen ulafe loossen.  Mir froen iech awer op eisen Internet Site ze kucken, iert dir iech op de Wee maacht, well et geet wierklech em Stonnen wou déi Entscheedung stoen oder fale kann.

De Comité seet all senge Memberen, déi ouni ze zécken, vill Deeg wärend hirer Vakanz ginn hunn ee riisesche MERCI an mir wëssen dat mir op d’Verständnis vun eise Klammspannen ziele kënne, wat deen…dach spontane..last minute Opening ugeet!

Mir hunn alles gemaach wat an eise Méiglechkeete war.  Elo hoffe mir de Méindeg ee positive Post kënnen ze maachen!

Schungverkaaf 2023


Schungverkaaf: dir hutt d’Méigelegkeet Schong bei eis an der Hal ze kafen.  Den Eric Berthe vun der L’Escale Arlon kennt mat puer Modelen a steet iech mat Rot an Dot zur Säit (bezuele geet Cash oder mat Payconiq).

Rendez-Vous ass Méindes, den 18. September 2023 vun 16:00 – 17:00 Auer.

 

MIR MUSSEN EISE SCHUNGVERKAAF LEIDER VERLEEËN.

EEN NEIEN DATUM KËNNT SOU SCHNELL WEI MEIGELEG NO!