Extra Adulte Training am Virklammen

Wéini:

Freides den 11. Juni 2021 an der Plage B vun 19:30 bis 21:30

a

Freides de 25. Juni 2021 an der Plage B vun 19:30 bis 21:30

Wat: 

Fir Ufänger am Virklammen: Training fir d´Basis am Virklammen (Virklamme léieren, Ëmbaue fir am Fiels ze klammen, Sturztraining) ze leieren

Fir Leit déi well Virklamme kënnen: Training fir eng Regelméissegkeet am Virklammen ze kréien (Virklammen an de Voien, Uewen ëmbauen)

Mat Wiem:

Theorie an Initiatioun, sou wéi Surveillance mam Carmen

Fir Wien:

Adultes ab 17 Joer, Member am KSE oder net (Wann dir nach net Member am KSE sidd kascht et 10€, wéi déi normal Klammseancen. D´Souen den Dag selwer matbréngen)

Wat muss ech kennen:

Jiddereen, also och all Ufänger ka kommen, och wann dir nach ni virgeklomme sidd. Viraussetzung ass awer, dass dir d’Basis am Klamme beherrscht (Gurt undoen, séchere mam GriGri, Knuet maachen). Den Training ass do fir iech d´Virklamme méi no ze bréngen (step by step). Wann dir scho virklamme kënnt, dann ass deen Training gutt als Opfrëschung a fir d´Regelméissegkeet am Virklammen.

Wat muss ech matbréngen:

Wann dir Klammgeschier (Gurt, Schong etc.) hutt, kennt dir dat matbréngen. Dir kritt Gurt a GriGri awer och op der Platz geléint. Seeler stinn zur Verfügung, hutt dir eent eegent, kennt dir dat gär matbréngen. Zousätzlech misst dir eng „Personelle“ (Bandschlinge 50-60cm + Karabiner) matbréngen. Déi braucht dir och spéider am Fiels.

Umellung ass Pflicht bis 24 Stonne virum Training per SMS (691 83 73 14) – Plaze si limitéiert

Oppassen, deen Owend ass da kee KSE Adulte Freiklammen

Adultes Klamme bis zur Summervakanz

Adultes KSE: et kann ee sech weider fir Plagen A&B melde wann een eng gülteg KSE-Memberskaart AN ee Klammpass huet.

Adultes Escalade Surveillée: et brauch ee keng Aschreiwung.  Desen Training ass och fir Leit ouni Partner, ouni Klammpass an ouni Memberskaart.

All d’Conditiounen an Detailer fannt dir um Planning.

Hei klicke fir de Planning

Hei klicke fir d’Plagen

 

Extra Adulte Training am Virklammen mam Carmen a mam Henri

Well ee Basketmatch ass, musse mir den Training op een aneren Dag verleeën.  Déi Leit déi sëch scho gemellt haate behaalen hier Platz fir den neien Datum.

Freides den 28. Mai 2021 vun 19:10 bis 21:30

Wat: Extra Training Adulte am Virklammen (Virklammen léieren, Ëmbauen fir am Fiels ze klammen)

Mat Weem: Theorie an Initiatioun mam Carmen a Perfectionnement mam Henri

Fir Ween: Adultes ab 17 Joer, Member am KSE oder net (Wann dir nach net Member am KSE sidd kascht et 10€, wéi déi normal Klammseancen. D´Suen den Dag selwer matbréngen)

Wat muss ech kennen: Jiddereen, also och all Ufänger kann kommen, och wann dir nach ni virgeklomme sidd. Viraussetzung ass awer, dass dird’Basis am Klamme beherrscht (Gurt undoen, séchere mam GriGri, Knuet maachen). Den Training ass do fir iech d´Virklamme méi no ze bréngen (step by step). Wann dir scho virklammen kennt, dann ass deen Training gutt als Opfrëschung an als Perfectionnement fir ärt Virklammen.

Wat muss ech matbréngen: Wann dir Klammgeschier (Gurt, Schong etc.) hutt, kennt dir dat matbréngen. Dir kritt Gurt a GriGri awer och op der Platz geléint. Seeler stinn zur Verfügung, kennt awer gäer är eegen matbrengen. Di Leit déi eng „Personelle“ (Bandschlinge 50-60cm + Karabiner) hunn, sollen déi matbréngen. Déi braucht dir och spéider am Fiels.

Umellung ass Pflicht bis de 26. Mai 2021 per SMS (691 83 73 14)

Oppassen, deen Owend ass da keen KSE Adulte Freiklammen