Klammen am Fiels, Morgenbachtal (D), 9. Mee 2019

Geschriwen vum Yoo Ja Ludwig den an der Rubrik Neiegkeeten

 

Programm: 10:00 Initiatioun Débutant oder klenge Reminder fir déi déi wëllen

klammen, klammen, klammen a klammen

18:30 Iessen am Restaurant zu Bacharach (D)

Site: Morgenbachtal

 

 

Lux- Autobunn Tréier- weider richtung HAHN / Mainz, laanscht Hahn
weider Richtung Mainz bis Ausfahrt Rheinböllen.

Duerch Rheinböllen an am Duerf ritets erof Richtung Bacharach.

Zu Bacharach NET an di éischt Kellerei Wei schmaachen, mee riets Richtung Bingen bis op TRECHTINGSHAUSEN.

Am  Duerf scharf riets di éischt Strooss Richtung Gerhardshof (Sonneckstr.).  D’Strooss erop, aus dem Duerf eraus a no 600m lenks e Schotterwee weider Richtung Gerhards Hof.  No 2km kennt ee bei e Parking mat Pic-Nic-Dëscher.  Vum Parking aus, bei enger Infotafel vum DAV, e klenge Wee erof an 3′ bei d’Fielsen.

Transport: op eege Fauscht (Co-Voiturage vu Mersch méigeleg)

Participant: dësen Ausfluch riicht sech virun allem un eis Memberen aus den Adulte Trainingen.  Dir kennt ganz gär är Kanner matbréngen, et ass deen Dag awer keng speziell Kannerbetreiung virgesinn

Preis: Owesiessen à la Carte

Material: Seel, Gurt, 10 Exen, Secherungsgerät (grigri/smart etc + fir ofzeseelen), Schrauwkarabiner, e puer Schléngen, Helm, wann méiglech e puer Keiler/ kleng/mettelgrouss Friends ( zB Camelot 0.3-2)
Ravi: d’steet KENG Frittebud um Gipfel, also selwer eppes matbrenge fir den Dag 🙂

Topo: op www.kletterkurse-born2climb.de kann een den digital Topo fir 3,59€ downloaden (PayPal).  (weitere Angebote-Info Klettergebiete-Kletterführer-Frankfurt-Morgenbachtal)

Umellen: mellt iech bis Freideg, den 3. Mee 18:00 Auer per SMS un (661394045) a schreift drop zu wéivil dir kommt, ob dir Initiatioun, Reminder oder Autonom huelt, ob dir nach eng Platz am Auto hudd an ob dir mat iesse gidd.

Meteo: wann d’Wieder wierklech schlecht sollt si gi mir op Tréier an de Cube klammen (mir maachen eng SMS)

Schlesselwieder :

Den KSE kontaktéiren

Telefon:
+352 661 394045

Adress:
Yoo Ja Ludwig
Bauschelter Millen,
L-9640 Boulaide

Mail:
yoojaoh@yahoo.com