Extra Adulte Training am Virklammen mam Carmen a mam Henri

Well ee Basketmatch ass, musse mir den Training op een aneren Dag verleeën.  Déi Leit déi sëch scho gemellt haate behaalen hier Platz fir den neien Datum.

Freides den 28. Mai 2021 vun 19:10 bis 21:30

Wat: Extra Training Adulte am Virklammen (Virklammen léieren, Ëmbauen fir am Fiels ze klammen)

Mat Weem: Theorie an Initiatioun mam Carmen a Perfectionnement mam Henri

Fir Ween: Adultes ab 17 Joer, Member am KSE oder net (Wann dir nach net Member am KSE sidd kascht et 10€, wéi déi normal Klammseancen. D´Suen den Dag selwer matbréngen)

Wat muss ech kennen: Jiddereen, also och all Ufänger kann kommen, och wann dir nach ni virgeklomme sidd. Viraussetzung ass awer, dass dird’Basis am Klamme beherrscht (Gurt undoen, séchere mam GriGri, Knuet maachen). Den Training ass do fir iech d´Virklamme méi no ze bréngen (step by step). Wann dir scho virklammen kennt, dann ass deen Training gutt als Opfrëschung an als Perfectionnement fir ärt Virklammen.

Wat muss ech matbréngen: Wann dir Klammgeschier (Gurt, Schong etc.) hutt, kennt dir dat matbréngen. Dir kritt Gurt a GriGri awer och op der Platz geléint. Seeler stinn zur Verfügung, kennt awer gäer är eegen matbrengen. Di Leit déi eng „Personelle“ (Bandschlinge 50-60cm + Karabiner) hunn, sollen déi matbréngen. Déi braucht dir och spéider am Fiels.

Umellung ass Pflicht bis de 26. Mai 2021 per SMS (691 83 73 14)

Oppassen, deen Owend ass da keen KSE Adulte Freiklammen

Comments are closed.