Extra Adulte Training am Vierklammen

Wéini: 29. Oktober 2019 vun 19:30 bis 21:30 (Wann dir net zur Zäit do kennt sinn, kennt dir och nach méi spéit nokommen)

Wat: Extra Training Adulte am Virklammen (Virklammen leieren, Ëmbauen vir am Fiels ze klammen)

Vir Ween: Adultes ab 17 Joer, Member am KSE oder net (Wann dir nach net Member am KSE sidd kascht et 10€, wei déi normal Klammseancen. D´Suen den Dag selwer matbréngen)

Wat muss ech kennen: Jiddereen, also och all Ufänger kann kommen, och wann dir nach ni virgeklomme sidd. Viraussetzung ass awer, dass dir d’Basis am Klamme beherrscht (Gurt undoen, séchere mam GriGri, Knuet maachen). Den Training ass do vir iech d´Virklamme méi no ze bréngen (step by step). Wann dir scho virklammen kennt, dann ass deen Training gutt als Opfrëschung an fir weider am Virklammen ze trainéieren.

Wat muss ech matbréngen: Wann dir Klammgeschier (Gurt, Schong etc.) hutt, kennt dir dat matbréngen. Dir kritt Gurt a GriGri awer och op der Platz geléint. Seeler stinn zur Verfügung. Et wier just gutt wann di Leit déi eng „Personelle“ (Bandschlinge 50-60cm + Karabiner) hunn, déi matbrénge kéinten. Dei braucht dir och spéider am Fiels. Eventuell och eppes vir den klengen Honger tëschenduerch.

W.e.g. umellen bis den 27. Oktober 2019 per SMS (691 83 73 14)

Comments are closed.