Category: Neiegkeeten

Nach emol Loscht an de Fiels ze goen?

Eis Sortie op Beez an der Belge ass wéint schlechtem Wieder ausgefall. Mir huelen dat elo no.

Samschdeg, de 14. September 2013 geet et op Beez. Départ Ettelbréck 7:30 Retour Ettelbréck 18:00 (mat Co-Voiturage)

Et ass ee Site wou een all Schwieregkeetsgrad fënnt, vill einfach Routen an et kann een och eng e bëssi méi laang Voie maachen. Dee ganzen Dag gëtt vum Pierre Dewit encadréiert.

D’Platze si begrenzt (12 Leit), dofir mellt iech schnell un! (Kanner ënner 16 Joer musse vun engem Erwuessene begleed ginn).

Info an Umeldung beim Pierre: moniteuralpinisme@gmail.com

Intervilles

Den 29/06/2013 fënd erëm zu Uewerkuer an der Schwämm den Intervilles statt.
Dess Spiller tëschent de Stied Ettelbréck, Déifferdeng, Diddeleng, Péiteng, Suessem a
Käerjeng, déi bis elo vun Ettelbréck dominéiert goufen, bestinn aus 2 Deeler:

1) dem Mini-Intervilles
2) dem Intervilles fir dei Grouss

Dëst Joer steet dat ganzt ënnert dem Motto « Wild Wild West ».

Fir déi 2 Deeler (Mini an Erwuessen) gi Sportler aus alle Beräicher gesicht dei den Athleten
aus dem Süden d’Stir kenne bidden.

Fir de Mini-Intervilles deen um 17:00 Auer ufänkt an op dee mir mam Bus fueren (Horaire
kennt nach) brauchen mir 15 Kanner vun 10-13 Joer (Meedercher a Jongen).

Wanns du d’Klammspann vertriede wells, mell dech sou séier wéi méigeleg beim Yoo Ja
(661394045 oder yoojaoh@yahoo.com)

Aschreiwungen

Aschreiwungen:
– ab dem 8. Juli 2013 um Telefon 661394045

Trainingszaiten (67.0 KiB, 261 erofgelueden)
Trainingszaiten (67.0 KiB, 261 erofgelueden)