Category: Neiegkeeten

Lues awer secher…

Mir kennen eis Trainingen nees ënnert verschidde Konditiounen halen!

  • d’Zuel bleift limitéiert fir 2m tëschent de Klemmer ze garantéieren
  • Aschreiwung fir den Tracing
  • mat Mask séchere

 

 

Kiddies/Teenies/Pré-Adulte:

Dir krut all ugeruff a gesot ob dir am A Grupp oder B Grupp klammt.

Adultes:

Leider kenne mir déi al Plagen net iwwerhuele well d’Auerzäite geännert hunn.  Mellt iech also nach emol fir déi nei Plage bis de 15. Mee inclus un.

 

Klick hei klicke fir den neie Planning ze gesinn.

Vill Spaass beim Klammen

…a weider geet et…

D’Mesure bleiwe bis no der Ouschtervakanz sou wéi se sinn.

Mir hu leider weider keng Trainingen an den Adultes KSE klëmmt ëmmer nach ënnert de selwechte Restriktiounen.

sinn d’Plagen déi am Abrëll méigeleg sinn.

Falls d’Restriktioune sou änneren dat mir eis Trainingen nees haale kennen, faalen d’Plage weg.

Hei sinn d’Plagen déi am Abrëll méigeleg sinn.

Assemblée Générale 2021

De Comité vun der Klammspann Ettelbréck ass frou iech den 23. Abrëll 2021 um 19:00 Auer op d’Generalversammlung anzelueden.  Dëst Joer fënnt se an der Buvette vun der Sportshal zu Ettelbréck statt, natierlech ënnert de sanitäre Moossnamen déi en vigeur sinn.

Hei klicke fir de Programm ze gesinn!