Category: Neiegkeeten

Grouss Botz a Konferenz, 21. März 2020

Als President vun der Emweltkommissioun lueden ech d’Memberen vun Ären Club häerzlech an, sech bei eiser Naturbotz  unzeschléissen.

Si ass den 21.3.2020 vun 9h15-12h00 an duerno ass all Partizipant häerzlech invitéiert op e Patt an e klenge Maufel.

Villmools Merci am Viraus.

Mat beschte Gréiss,

Paul Solvi, Präsident vun der Emweltkommissioun Ettelbruck, Conseiller am Gemengerot

Hei klicke fir d’Infos

!!! Déi Leit aus dem KSE déi sech uschléisse wëllen, kennen sech bei mir melden, dat ass fir d’Organisatioun vum Patt/Maufel méi einfach (Yoo Ja Ludwig 661394045) !!!

Rappel: Cotisatioun 2019/2020

Léiw Adultes,

et sinn nach puer Leit déi reegelméisseg klamme kommen, hier Cotisatioun 2019/2020 awer nach net iwwerwisen hunn.

Um Enn vun engem Joer huet ee jo villes ze dinn an do kann dat schnell vergiess ginn.  Dofir hei nach emol d’Detailer.

 

Denkt och drun eng Fiche d’Adhésion auszefëllen falls dir dat d’lescht Joer net gemaach hutt, soss kenne mir iech keng Newsletter schécken (cf. RGPD).

Assemblée Générale 2020

 

De Comité vun der Klammspann Ettelbréck ass frou iech den 28. Februar 2020 um 20:00 Auer op d’Generalversammelung anzelueden.  Wéi all Joer fënnt se an de Versammelungsraim vun der Sportshal zu Ettelbréck statt.

HEI klicke fir de Programm ze gesinn!

 

Extra Adulte Training am Vierklammen mam Henri a Carmen

Wéini: 18. Februar 2020 vun 18:30 bis 21:30 (Wann dir net zur Zäit do kennt sinn, kennt dir och nach méi spéit nokommen)

Wat: Extra Training Adulte am Virklammen (Virklammen leieren, Ëmbauen vir am Fiels ze klammen)

Mat Weem: Theorie mam Carmen an d’Praxis mam Henri

Vir Ween: Adultes ab 17 Joer, Member am KSE oder net (Wann dir nach net Member am KSE sidd kascht et 10€, wei déi normal Klammseancen. D´Suen den Dag selwer matbréngen)

Wat muss ech kennen: Jiddereen, also och all Ufänger kann kommen, och wann dir nach ni virgeklomme sidd. Viraussetzung ass awer, dass dir d’Basis am Klamme beherrscht (Gurt undoen, séchere mam GriGri, Knuet maachen). Den Training ass do vir iech d´Virklamme méi no ze bréngen (step by step). Wann dir scho virklammen kennt, dann ass deen Training gutt als Opfrëschung an fir weider am Virklammen ze trainéieren.

Wat muss ech matbréngen: Wann dir Klammgeschier (Gurt, Schong etc.) hutt, kennt dir dat matbréngen. Dir kritt Gurt a GriGri awer och op der Platz geléint. Seeler stinn zur Verfügung, kennt awer gäer är eegen matbrengen. Et wier just gutt wann di Leit déi eng „Personelle“ (Bandschlinge 50-60cm + Karabiner) hunn, déi matbrénge kéinten. Dei braucht dir och spéider am Fiels. Eventuell och eppes vir den klengen Honger tëschenduerch.

W.e.g. umellen bis den 16. Februar 2020 per SMS (691 83 73 14)