éischten Training 2018-2019

Geschriwen vum Yoo Ja Ludwig den an der Rubrik Neiegkeeten

 

Den éischten Training fir d’Saison 2018-2019 ass Méindes, de 17. September 2018.

Den Training vum KSE-Team geet schon de 4. September 2018 lass.

VILL SPAASS BEIM KLAMMEN

leschten Training

Geschriwen vum Yoo Ja Ludwig den an der Rubrik Neiegkeeten

Donneschdeg, den 21. Juni 2018 ass dee leschten Training fir dës Saison.

D’Hal bleift op fir all eis Memberen déi den Escalade Libre hunn.

Mir wënschen iech all eng ganz flott Summerzäit!

Aschreiwdag fir d’Saison 2018/2019

Geschriwen vum Yoo Ja Ludwig den an der Rubrik Neiegkeeten

Den Aschreiwdag fir d’Kiddies- an Teeniestraininge vun der Saison 2018-2019 ass

Freides, de 6. Juli 2017 vun 18:00 Auer bis 20:00 Auer an der Klammhal zu Ettelbréck (mir fänke genau um 18:00 un).

Fir keen Duercherneen ze kréien huele mir deen Dag just d’Aschreiwungen u vun de Leit déi selwer do sinn.

Ab Samschdes, de 7. Juli kann een sech iwwer Telefon umellen (661394045).

!!! Mir brauche fir d’Aschreiwung d’Matricule vun äerem Kand !!!

Wéi ëmmer kann deen Owend giddere klammen, och d’Mammen an d’Pappen déi dat ëmmer schon emol probéiere wollten.

Mir suergen och fir Iessen an Drénken.  Wien ee klenge Kuch matbrénge well dierf dat natierlech ganz gär maachen.

Mir freeën eis iech virun der Vakanz nach emol ze gesinn.

 

Den KSE kontaktéiren

Telefon:
+352 661 394045

Adress:
Yoo Ja Ludwig
Bauschelter Millen,
L-9640 Boulaide

Mail:
yoojaoh@yahoo.com