Author: Yoo Ja Ludwig

15 Joer FLERA

53bed31cb74891ae64a31e4c592ef86d_XLD’Fédératioun feiert hier 15 Joer a lued dofir all aktive Clubmember Freideg, de 27. November ab 19:30 beim Caspers Climbing Shop op eng flott Soirée an.

Klammfotoen

congoDen Alwin setzt fir de KSE-Open Foto’en zesummen, déi mir op engem Ecran weisen.

Wanns du an dénger Vakanz Klammfotoe gemaach hues, sief et am Fiels oder Indoor, kanns du him se ganz gär mailen.  Et ass flott wa mir gesinn dat eis Memberen aktiv sinn, mir sinn houfreg drop!

alwin.geimer@education.lu

villmols Merci

Virklamm-Training, 27.11.2015

fortgeschritteneFreideg, de 27.11.2015 ass um 19:30 een Training fir all déi Leit déi d’Virklamme léiere wellen.  Desen Training riicht sech unn eis Memberen ab 16 Joer.  Dir braucht iech net unzemelden. Niewend dem normale Material brauch dir nach eng Personnelle an eventuel eng Foto.

Vill Spaass