Aschreiwdag fir d’Saison 2019 / 2020

Geschriwen vum Yoo Ja Ludwig den an der Rubrik Neiegkeeten

Den Aschreiwdag fir d’Kiddies- Teenies- a PréAdultestraininge fir d’Saison 2019 / 2020 ass

Freides, den 28. Juni 2019 vun 18:00 Auer bis 20:00 Auer an der Klammhal zu Ettelbréck (mir fänke genau um 18:00 un).

Fir keen Duercherneen ze kréien huele mir deen Dag just d’Aschreiwungen u vun de Leit déi selwer do sinn.

Ab Samschdes, den 29. Juni kann een sech iwwer Telefon umellen (661394045).

!!! Mir brauche fir d’Aschreiwung d’Matricule vun äerem Kand !!!

Wéi ëmmer kann deen Owend giddere klammen, och d’Mammen an d’Pappen déi dat ëmmer schon emol probéiere wollten.

Mir suergen och fir Iessen an Drénken.  Wien ee klenge Kuch matbrénge well dierf dat natierlech ganz gär maachen.

Mir freeën eis iech virun der Vakanz nach emol ze gesinn.

Den KSE kontaktéiren

Telefon:
+352 661 394045

Adress:
Yoo Ja Ludwig
Bauschelter Millen,
L-9640 Boulaide

Mail:
yoojaoh@yahoo.com