Adulte Training an der Ouschtervakanz, 9. Abrell 2019

Geschriwen vum Yoo Ja Ludwig den an der Rubrik Neiegkeeten

Wéini: 09. Abrell 2019 vun 19:30 bis 21:30 (Wann dir net zur Zäit do kennt sinn, kennt dir och nach méi spéit nokommen)

Wou: Klammhal Ettelbréck

 Wat: Extra Training adulte, Virklammen, Virbereedung vir an den Fiels klammen ze goen

Vir Ween: Adultes ab 17 Joer, Member am KSE oder net (Wann dir nach net Member am KSE sidd kascht et 10€, wei déi normal Klammseancen. D´Suen den Dag selwer matbréngen)

Wat muss ech kennen: Jiddereen, also och all Ufänger kann kommen, och wann dir nach ni virgeklommen sidd. Den Training ass do vir iresch d´Virklammen méi no ze bréngen (step by step). Wann dir schonn virklammen kennt, dann ass deen Training gutt vir weider am virklammen ze trainéieren an richteg embauen ze kennen vir am Fiels ze klammen.

Wat muss ech matbréngen: Wann dir Klammgeschier (Gurt, Schong etc.) hutt, kennt dir dat matbréngen. Dir kritt Gurter an GriGri´en awer och op der Platz. Seeler stinn zur Verfügung. Et wier just gutt wann di Leit déi eng „Personelle“ hunn, déi matbréngen kéinten. Eventuell och eppes vir den klengen Honger tëschenduerch.

W.e.g. umellen bis den 07. Abrell 2019, am léifsten per SMS bei mir (691 83 73 14)

Carmen Schmit, Trainer KSE

Schlesselwieder :

Den KSE kontaktéiren

Telefon:
+352 661 394045

Adress:
Yoo Ja Ludwig
Bauschelter Millen,
L-9640 Boulaide

Mail:
yoojaoh@yahoo.com